Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (2024)

D'groussherzoglech Famill

Gebuer

11. November 1981

an der Maternité Grand-duch*esse Charlotte zu Lëtzebuerg

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (1)

Biografie

De Prënz Guillaume Jean Joseph Marie, Prënz vu Lëtzebuerg, Prënz vun Nassau a Bourbon-Parma, ass den eelste Jong vum Grand-Duc Henri an der Grande-duch*esse Maria Teresa vu Lëtzebuerg.

Seng Bridder a Schwëstere sinn:

  • de Prënz Félix
  • de Prënz Louis
  • d'Prinzessin Alexandra
  • de Prënz Sébastien

Nodeems säi Papp de 7. Oktober 2000 op den Troun koum, huet de Prënz Guillaume den 18. Dezember 2000 den Eed ofgeluecht an ass doduerch offiziell Ierfgroussherzog ginn.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (2)

De 26. Abrëll 2012 ginn de Grand-Duc an d'Grande-duch*esse d'Verlobung vum Prënz Guillaume mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy bekannt. D'Hochzäit gëtt den 20. Oktober 2012 an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg gefeiert. D'Gräfin Stéphanie gëtt domadder Prinzessin an Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg.

Fotoe vun der Prënzenhochzäit

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (3)

De Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie bestuede sech den 20. Oktober 2012 an der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie sinn Eltere vun zwee Jongen, dem Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume, gebuer den 10. Mee 2020, an dem Prënz François Henri Luis Marie Guillaume, gebuer de 27. Mäerz 2023. Déi zwee Jonge sinn an der Maternité Grande-duch*esse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (4) © Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (5) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (6) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Oktober 2020: Kanddaf vum Prënz Charles, dem éischte Kand vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin, an der Abtei Saint-Maurice zu Klierf

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (7) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

September 2020: Zu Éiere vum Prënz Charles gëtt e Bam geplanzt

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (8) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles bei der Daf vun der Rous "Prince Charles de Luxembourg"

D’Ausbildung vum Ierfgroussherzog

De Prënz Guillaume ass zu Luerenzweiler an d'Primärschoul gaangen. Seng Studien huet hien am Lycée Robert Schuman zu Lëtzebuerg ugefaangen, éier hien duerno am Alter vu 16 Joer op den Institut Le Rosey souwéi op de Collège Alpin Beausoleil an der Schwäiz gaangen ass, wou hien 2001 säin Ofschlossdiplom krut. De Prënz Guillaume schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Spuenesch.

Sou wéi et zanter Laangem Traditioun an der groussherzoglecher Famill ass, huet de Prënz Guillaume vu September 2001 bis August 2002 seng Ausbildung zum Offizéier op der Royal Military Academy Sandhurst RMAS (Kinneklech Militärakademie Sandhurst) mat Erfolleg absolvéiert.

De Prënz Guillaume gouf am Dezember 2002 als Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi vereedegt an dréit zur Zäit de Grad vum Colonel.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (9)

Den Ierfgroussherzog leet als Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi säin Eed op de Fändel of

No engem Studium vun internationaler Politik an England mécht hie weider Studien a Frankräich, wou hien 2009 eng duebel Lizenz mat Auszeechnung an de Fächer Literatur- a Politikwëssenschaften op der Universitéit Angers kritt.

Parallel zu sengen Universitéitsstudien huet de Prënz Guillaume sech duerch verschidde Coursë mat der wirtschaftlecher a politescher Welt vertraut gemaach. Den Ierfgroussherzog huet an deem Kader och Stagë bei multinationalen Entreprisen, sou zum Beispill 2003 bei der Union chimique belge an 2004 bei der Deutsche Bank zu London gemaach. Am Joer 2005 gouf hien an déi verschidden Aktivitéite vun der spuenescher Néierloossung vum Grupp ArcelorMittal agefouert.

De Prënz Guillaume bereet sech als Trounfollger op seng spéider Roll vir. Durch seng Präsenz ënnerstëtzt hien och wirtschaftlech a sozial Engagementer vun der Lëtzebuerger Regierung.

Sou hëlt de Prënz Guillaume 2005 mam Premierminister a mam Ausseminister un der Millenium Conference vun de Vereenten Natiounen zu New York deel, där hiert Zil d'Eliminatioun vun extreemer Aarmut an der Welt war.

Duerch en Openthalt bei der europäescher Kommissioun a bei der permanenter Vertriedung vu Lëtzebuerg zu Bréissel am Joer 2012, konnt de Prënz seng Kenntnisser iwwer de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun, de Verhandlungsprozesser an den institutionellen Ofleef verdéiwen. Hien huet ënner anerem um Conseil des affaires étrangères an um Comité politique et de sécurité (COPS) deelgeholl.

Vun 2018 bis 2019 absolvéiert de Prënz Guillaume e Studiegang um Royal College of Defence Studies (RCDS) zu London, fir zousätzlecht Fachwëssen en vue vu sengen zukünftegen Aufgaben als Staatschef ze kréien an domadder beschtméiglechst op seng spéider Responsabilitéite virbereet ze sinn.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (10)

D'ierfgroussherzoglech Koppel beim Start vum GovSat-1-Satellit

Säin Engagement fir d'Natioun

Gläichzäiteg huet de Prënz Guillaume ugefaangen, senge Representatiounsflichten nozegoen. Dobäi geet et zemools ëm d'Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland, awer och ëm d'Ënnerstëtzung vu Betriber a Wirtschaftsinitiativen hei am Land.

Säin Engagement am Ausland

Am Mäerz 2001 huet de Prënz Guillaume d'Éierepresidence vum Board of Economic Development vum Grand-Duché ugeholl, enger Agence fir Wirtschaftsfërderung an –entwécklung, déi haut Trade & Investment Board heescht.

Am Alter vun 19 Joer presidéiert hie scho seng éischt Wirtschaftsmissiounen, déi hien an d'Republik Korea, an Italien souwéi an Amerika gefouert hunn.

Houfreg der Natioun ze déngen, gëtt den Ierfgroussherzog reegelméisseg agelueden, de Grand-Duché op wirtschaftlechen a finanzielle Prospektiounsmissiounen am Ausland ze vertrieden, déi hien a sëlleg Länner an Europa, Amerika, Asien an Afrika féieren.

Zanter 2004 iwwerreecht den Ierfgroussherzog a senger Qualitéit als Éierepresident vum Trade & Investment Board d'Auszeechnung Luxembourg-American Business Award zu New York.

Säin Engagement zu Lëtzebuerg

Am Kader vun der wirtschaftlecher Promotioun vu Lëtzebuerg hëlt de Prënz Guillaume dacks un Evenementer vu Luxembourg Trade & Invest deel. Gläichzäiteg ass hie reegelméisseg bei Aktivitéite vun der Handelskummer, Luxembourg for Finance an der Fedil (Fédération des Industriels Luxembourgeois) derbäi. Domadder dréit de Prënz, zesumme mat de wirtschaftlechen Acteuren, zur Visibilitéit an zur Attraktivitéit vum Land bäi.

Zanter lo scho 50 Joer gëtt déi feierlech Zeremonie vun der Iwwerreechung vum Meeschterbréif vun der Handwierkskummer vun engem Member vun der groussherzoglecher Famill presidéiert. Eng Éier, déi dem Prënz Guillaume zanter 2004 zousteet.

Den Ierfgroussherzog ass donieft och säit 2015 bei der Diplomiwwerreechung vun der Handelskummer present.

Seng Ënnerstëtzung fir d'Acteure vum Wunnengsmaart weist hien, andeems hien all Joer d'Home & Living Expo besicht.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (11)

September 2019: D'ierfgroussherzoglech Koppel bei enger Wirtschaftsmissioun a Marokko

Representativ Aufgaben

Zanter dem 24. Juni 2005 ass den Ierfgroussherzog Member vum Staatsrot. Hien hëlt reegelméisseg un de Plenarsëtzunge souwéi u verschiddene Kommissiounen deel, wat him erméiglecht, seng Kenntnisser iwwer institutionell a legislativ Ofleef am Land ze verdéiwen.

Säit senger Nominatioun zum Ierfgroussherzog huet de Prënz Guillaume déi groussherzoglech Koppel op sëlleg representativ an institutionell Aktivitéite begleet, wéi op d'Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag, d'Neijooschaudienzen, déi den nationalen Autoritéiten accordéiert goufen, souwéi op vill Staats- an offizielle Visitten.

De Prënz gesäit et als seng Flicht, fir d'Erënnerungskultur héichzehalen. Sou hunn d'Gedenkfeieren zum Zweete Weltkrich duerch d'Erzielunge vu sengem Grousspapp, dem Grand-Duc Jean, e ganz besonnesche Stellewäert. Zanter senger Vereedegung huet de Prënz Guillaume un nationalen an internationale Gedenkfeieren zum Zweete Weltkrich deelgeholl, wéi un der Gedenkfeier zum 70. Joresdag vun der Befreiung vu Veianen, vum Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau a vum Konzentratiounslager Mauthausen am Joer 2015. Hien huet eng Bildungs-, Kultur- a Gedenkrees mat Zäitzeie vun der zweeter Generatioun vun der ASBL Krakau/Auschwitz am Joer 2016 begleet. Am Joer 2019 huet hien un de Gedenkfeieren zum 75. Joresdag vun der Ardennenoffensiv um Schumannseck deelgeholl.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (12)

De Prënz Guillaume bei der Zeremonie vum "Memorial Day" am Mee 2015

Auszeechnungen

Als Member vun der groussherzoglecher Famill dréit de Prënz Guillaume de "Chevalier de l'Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau", d'"Grand-Croix de l'Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau" an d'"Grand-Croix de l'Ordre de la Couronne de chêne".

Den Ierfgroussherzog huet de "Grand Officier de la Légion d'honneur" zanter dem Joer 2015.

2018 huet den John E. Dolibois European Center vun der Miami University dem Ierfgroussherzog déi héchsten Auszeechnung, den Doktertitel honoris causa, fir säin ëffentlecht a soziaalt Engagement iwwerreecht.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (13)

Den Ierfgroussherzog an den Här Gregory P. Crawford, President vun der Miami University

Aktivitéite vun der ierfgroussherzoglecher Koppel

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie iwwerhuele vill Aktivitéiten zesummen.

Hir Engagementer als Koppel spigelen dacks hir gemeinsam Interessien erëm. D'Fërderung vun der Lëtzebuerger Handwierkskonscht ass ee Beispill dofir. Zesumme mat senger Fra, der Grënnerin an Éierepresidentin vun der ASBL De Mains de Maîtres, setze si sech fir d'Promotioun vum Lëtzebuerger Konschthandwierk an.

Nieft de wirtschaftlechen Aktivitéite bedeelegen den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin sech aktiv um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg. Si gi reegelméisseg op Concerten, Salonen a bei Kënschtlerkreesser oder besichen Ausstellungen a verschiddene Lëtzebuerger Muséeën.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (14) © David Nivière/ DNphotography

Déi ierfgroussherzoglech Koppel besicht de Chantier vum Parc des Ateliers zu Arles a Frankräich

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (15) © Cour grand-ducale / Olivier Polet

Dezember 2017: Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei der Ouverture vun der Ausstellung "De Mains de Maîtres"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (16) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Oktober 2020: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie besiche reegelméisseg de Salon Home Expo

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (17) © Cour grand-ducale / Charles Caratini

November 2018: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie bei der Ouverture vun der Ausstellung "De Mains de Maîtres"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (18) © Fondation Autisme Luxembourg

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie informéieren sech bei engem Besuch am Centre Fondation Autisme iwwer d'Betreiung vu Mënsche mat Autismus

Haut-Patronagen an Interessien

Vu sengem Grousspapp a Papp ass de Prënz Guillaume encouragéiert ginn d'Natur ze entdecken an ze schützen. Hien ass säit senger Kandheet Member vun de Scouten. Am Summer 1997 huet hien als jonke Scout mat vill Begeeschterung un engem humanitäre Camp am Nepal deelgeholl, vun deem him onvergiesslech Erënnerunge bleiwen. Hien huet do un engem Opforstungsprojet souwéi un aneren Aktiounen zu Gonschte vun den am meeschte benodeelegte Communautéite matgeschafft.

Am Joer 2017 ass den Ierfgroussherzog dem Verwaltungsrot vun der World Scout Foundation bäigetrueden, fir d'Scoutsbeweegung weltwäit ze ënnerstëtzen. Am September 2021 huet hien de Poste vum Virsëtz vun der World Scout Foundation ugeholl. Zu Lëtzebuerg huet de Prënz Guillaume mat Houfert den Titel vum Chef-Scout nom Doud vum Grand-Duc Jean, deen dësen Titel zanter 1945 gedroen huet, iwwerholl an huet säi Verspriechen am Oktober 2019 viru bal 3.000 Scouten am Stater Park ofgeluecht.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (19)

Den Ierfgroussherzog leet säi Scoutsverspriechen a Presenz vun 3.000 Scouten of

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (20)

En savoir plus son engagement scout

  • Accéder à la page dédiée

Hie befaasst sech mat villen Initiativen zur Ënnerstëtzung vun der Jugend, besonnesch am Beräich vun der allgemenger a berufflecher Ausbildung. An dësem Kontext huet hien ënner anerem deelgeholl:

  • um europäeschen Treffe vun de Lëtzebuerger Studenten (REEL – Réunion européenne des étudiants luxembourgeois) am Joer 2003,
  • um Unesco-Weltjugenddag 2005,
  • un de REEL-Debatten zu Stroossbuerg am Joer 2013.

Hien accordéiert der Centrale des auberges de jeunesse am Joer 2001 säin Haut-Patronage. Ausserdeem huet hien zanter 2020 den Haut-Patronage vun de Jonke Fuerscher Lëtzebuerg iwwerholl.

D'Entreprenariat ass dem Ierfgroussherzog immens wichteg, dofir huet hien 2013 den Haut-Patronage vun de Jonken Entrepreneure Lëtzebuerg an 2017 vun der Fédération des Jeunes Dirigeants d'Entreprise iwwerholl.

Den Ierfgroussherzog interesséiert sech besonnesch fir "Social Business" an d'Entwécklungen am Kader vun der Mikrofinanz, zwee villverspriechend Instrumenter am Kampf géint d'Aarmut. Hien hëlt an deem Kader u verschiddenen "Global Grameen Meetings", der Alfi Spring Conference am Joer 2015 souwéi u weidere Manifestatiounen an dësem Beräich deel.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (21)

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie bei der Fondatioun Kräizbierg

No méi wéi 10 Joer (2000-2011) als President vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg, déi sech fir Mënsche mat Behënnerung asëtzt, krut den Ierfgroussherzog am Mäerz 2011 den Titel vum Éierepresident. De Prënz Guillaume ass dëser Stëftung enk verbonnen a schätzt ënner anerem hiert Konzept vun der sozialer a berufflecher Integratioun.

Zanter 2017 huet hien den Haut-Patronage vu Special Olympics Lëtzebuerg, zanter dem Joer 2002 vun der nationaler Vereenegung fir Verkéiersaffer, an hien ass nieft sengen Elteren a senger Fra och nach Member am Verwaltungsrot vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-duch*esse.

Am Joer 2020 iwwerhëlt den Ierfgroussherzog d'Funktioun vumÉieregouverneur vum Lions District 113 Luxembourg, déi virdru vum Grand-Duc Jean vun 1967 bis zu sengem Doud am Joer 2019 assuréiert gouf.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (22)

D'ierfgroussherzoglech Koppel ënnerstëtzt d'Lëtzebuerger Athleete bei de Special Olympics World Winter Games 2017

Interessien

De Prënz Guillaume ass intresséiert u Politik, Wirtschaft, Philosophie a Geschicht, an hie liest am léifsten Autobiografien, philosophesch Analyse souwéi och historesch Romaner. Zanter dem 18. Januar 2016 ass den Ierfgroussherzog Member vum Verwaltungsrot vun der Europäischen Stiftung Kaiserdom zu Speyer, déi sech fir d'Erhale vun der bal dausend Joer aler Kathedral zu Speyer asetzt.

Den Ierfgroussherzog ass frou mat souwuel klassescher wéi moderner Musek. Hien ass passionéierte Gittarspiller. Als Kand war hie Member vum Pueri Cantores Chouer vu Lëtzebuerg. De Prënz huet dem Lëtzebuerger Kammerorchester (OCL – Orchestre de chambre du Luxembourg) souwéi och dem Jugendorchester vun der Europäescher Unioun säin Haut-Patronage accordéiert. Vun den duerstellende Kënscht huet hien den Theater besonnesch gären.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (23)

De Prënz Guillaume beim Waasserschi

Den Ierfgroussherzog begeeschtert sech fir Sport am Allgemengen, virun allem awer fir Tennis, Schifueren, Schwammen a Waassersport. Mat der Prinzessin Stéphanie geet hien sou dacks wéi méiglech d'Olympesch Spiller an d'Spiller vun de Klenge Länner kucken. Doriwwer eraus huet hien dem Lëtzebuerger Vëlossportverband säin Haut-Patronage zougestanen.

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (24)

D’ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles bei engem Spadséiergang an der Natur

Vum Groussherzog Jean huet de Prënz Guillaume d'Léift zur Natur geierft, an där hie gären Zäit verbréngt. Ëmmer erëm hunn hien d'Erzielunge vu sengem Grousspapp an de Bësch ronderëm d'Fëschbecher Schlass gefouert. Déi ierfgroussherzoglech Koppel huet sech zum Zil gesat, hirem Jong, dem Prënz Charles, dës Léift fir d'Natur weiderzeginn.

Fotoen vum Ierfgroussherzog

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (25) © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

1982: D’Grande-duch*esse an de Prënz Guillaume zu Cabasson

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (26) © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Famill an der Summervakanz

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (27) © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

1987 : D'Grande-duch*esse an de jonke Prënz Guillaume op de Galapagosinselen

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (28) © SIP / Nicolas Bouvy

Oktober 2012: Prënzenhochzäit an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (29) © Manuel Dias

2013: D'ierfgroussherzoglech Koppel beim Ofschloss vun der Oktav

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (30) © 2013 SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Nationalfeierdag 2013: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie wärend dem Te Deum

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (31) © 2015 Cour grand-ducale / David Nivière

De Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie bei der Gedenkfeier zum Enn vum Zweete Weltkrich zu Paräis

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (32) © 2014 SIP / Nicolas Bouvy

Nationalfeierdag 2014: traditionelle Besuch vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie zu Esch-Uelzecht

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (33) © Fondation Autisme Luxembourg

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie informéieren sech bei engem Besuch am Centre Fondation Autisme iwwer d'Betreiung vu Mënsche mat Autismus

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (34) © Cour grand-ducale / David Nivière

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie bei der 70. Editioun vun de Filmfestspiller zu Cannes

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (35) © Luc Deflorenne

Juli 2016: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie bei der Aweiung vum Jugendzentrum Marienthal

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (36) © 2015 Cour grand-ducale / Charles Caratini

2015: Usprooch vum Prënz Guillaume am Kader vun der Ausstellung "De Mains de Maîtres"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (37) © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Nationalfeierdag 2017: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie zu Esch-Uelzecht

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (38) © Cour grand-ducale / LUXPRESS

De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie bei der Fondatioun Kräizbierg

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (39) © Cour grand-ducale / Marion Dessard

De Prënz Guillaume begéint Scouten am Kader vun der Zeremonie zur Vereedegung vum neie Chef-Scout

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (40) © Cour grand-ducale / Marion Dessard

De Prënz Guillaume tauscht sech bei senger Vereedegung zum neie Chef-Scout mat Scouten aus

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (41) © Russ Rowland

2018: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie zu New York fir den "Luxembourg American Business Award"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (42) © Cour grand-ducale / Charles Caratini

November 2018: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie bei der Ouverture vun der Ausstellung "De Mains de Maîtres"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (43) © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Oktober 2019: De Prënz Guillaume beim Jubiläumsconcert am Kader vum 45. Gebuertsdag vun der ASBL SOS Villages d'Enfants Monde

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (44) © Cour grand-ducale / Kary Barthelmey

De Prënz Guillaume wärend dem Verwaltungsrot vu "Scouting in Luxembourg"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (45) © Klaus Landry

De Grand-Duc an den Ierfgroussherzog virum restauréierte Kenotaph vum Adolf vun Nassau

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (46) © Cour grand-ducale / Marion Dessard

Den Ierfgroussherzog begéint d'Mataarbechter vun der Associatioun "Stëmm vun der Strooss"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (47) © Cour grand-ducale / Marion Dessard

Den Ierfgroussherzog paakt mat u wärend senger Visitt bei der "Stëmm vun der Strooss"

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (48) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Prënz Guillaume begéint Schüler aus der Primärschoul vun Angelsbierg

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (49) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Prënz Guillaume spent Blutt no engem Opruff wärend der Covid-19-Kris

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (50) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Prënz Guillaume besicht d'Fondatioun Kräizbierg, vun där hien zanter 2011 den Éierepresident ass

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (51) © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Oktober 2020: De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie besiche reegelméisseg de Salon Home Expo

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (52) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den Ierfgroussherzog an de Prënz Charles beim Planze vun engem Bam zu Éiere vum Prënz Charles

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (53) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (54) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (55) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (56) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (57) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Biografië vun der groussherzoglecher Famill

Bestuet mat

  • D'Ierfgroussherzogin

Jong / Duechter vun

  • De Grand-Duc
  • D‘Grande-duch*esse

Kanner

  • De Prënz Charles
  • De Prënz François

D'Aktivitéite vum Ierfgroussherzog

Jeux Olympiques de Paris 2024 - Cérémonie de clôture11.08.2024
Jeux Olympiques de Paris 2024 - Visite du Village Olympique28.07.2024
Jeux Olympiques de Paris 2024 - Inauguration de la Maison du Luxembourg27.07.2024
Den Ierfgroussherzog | Cour grand-ducale (2024)
Top Articles
RUCKUS Indoor APs | Product Families
Подтвердите свою учетную запись
English Bulldog Puppies For Sale Under 1000 In Florida
Katie Pavlich Bikini Photos
Gamevault Agent
Pieology Nutrition Calculator Mobile
Toyota Campers For Sale Craigslist
Unlocking the Enigmatic Tonicamille: A Journey from Small Town to Social Media Stardom
Ncaaf Reference
Globe Position Fault Litter Robot
Crusader Kings 3 Workshop
Robert Malone é o inventor da vacina mRNA e está certo sobre vacinação de crianças #boato
Guilford County | NCpedia
Maplestar Kemono
Dr Manish Patel Mooresville Nc
Apus.edu Login
Urban Dictionary: hungolomghononoloughongous
10 Fun Things to Do in Elk Grove, CA | Explore Elk Grove
Wgu Academy Phone Number
Wsop Hunters Club
Menards Eau Claire Weekly Ad
Robeson County Mugshots 2022
Poe Str Stacking
Pasco Telestaff
Miltank Gamepress
Coomeet Premium Mod Apk For Pc
Home
Hdmovie2 Sbs
Kentuky Fried Chicken Near Me
Breckiehill Shower Cucumber
Chicago Based Pizza Chain Familiarly
Wat is een hickmann?
Ticket To Paradise Showtimes Near Cinemark Mall Del Norte
Doctors of Optometry - Westchester Mall | Trusted Eye Doctors in White Plains, NY
Narragansett Bay Cruising - A Complete Guide: Explore Newport, Providence & More
Lacey Costco Gas Price
Jersey Shore Subreddit
Yu-Gi-Oh Card Database
United E Gift Card
Bfri Forum
Red Sox Starting Pitcher Tonight
Www.craigslist.com Syracuse Ny
How to Draw a Bubble Letter M in 5 Easy Steps
Topos De Bolos Engraçados
Sand Castle Parents Guide
Gregory (Five Nights at Freddy's)
Grand Valley State University Library Hours
Hello – Cornerstone Chapel
Stoughton Commuter Rail Schedule
Nfsd Web Portal
Selly Medaline
Latest Posts
Article information

Author: Lakeisha Bayer VM

Last Updated:

Views: 5937

Rating: 4.9 / 5 (69 voted)

Reviews: 84% of readers found this page helpful

Author information

Name: Lakeisha Bayer VM

Birthday: 1997-10-17

Address: Suite 835 34136 Adrian Mountains, Floydton, UT 81036

Phone: +3571527672278

Job: Manufacturing Agent

Hobby: Skimboarding, Photography, Roller skating, Knife making, Paintball, Embroidery, Gunsmithing

Introduction: My name is Lakeisha Bayer VM, I am a brainy, kind, enchanting, healthy, lovely, clean, witty person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.